Noer de gëltege Gesetzer brauchs de en medezinesche Certificat, deen beweist, datt s du kierperlech a geeschteg fit bass fir ze fueren.
Dës Kontroll ass ab 60 Joer obligatoresch, mat méi heefege Kontrollen ab 70 Joer (all 5 Joer) an ab 80 Joer (all 2 Joer). Wärend der Consultatioun kucken ech op verschidden Aspekter vun denger Gesondheet, besonnesch d’Gesinn, d’Héieren an aner wichteg Critèrë, fir sécherzestellen, datt s du sécher ënnerwee bass.